Kiirch Déifferdeng Kiirch Uewerkuer Kiirch Nidderkuer Kiirch Déifferdeng-Fousbann Kiirch Lasauvage
Déifferdeng-Zentrum Uewerkuer Nidderkuer Déifferdeng-Fousbann Lasauvage

Weider op lëtzebuergesch  Continuer en français

Pace e bene.Wëllkomm op der Internetsäit* vum Poarverband Déifferdeng. De Poarverband Déifferdeng, gegrënnt am Joër 2002, besteet aus de Poaren Déifferdeng, Déifferdeng-Fousbann, Lasauvage, Nidderkuer an Uewerkuer. De Poarverband Déifferdeng gët betreit vun den Häre Paschtéier Denis Wellisch a Jean-Marie Kapata an dem Pastoralassistent, den Här Alain Mondésir. Hinnen zur Säit stinn den Här Roby Thiry an den Här Guy Graul, déi am Poarbüro beschäftegt sinn.Dëse Site ass entstan fir der Nofro vun Informatiounen via Internet entgéintzekommen. D'Equipe, déi dëse Site opbaut ass sësch bewosst nach an de Kannerschung ze stiechen. Dofir si mer dankbar fir all konstruktiv Uregungen, Kommentairen an aktiv Hëllef. Schéckt äis en e-mail pvb.differdange@cathol.lu oder rufft äis un um 58 80 84.Merci fir Äre Besuch an Ären Interessi; d'Pastoral-Equipe an den Administrateur vum Site. En extra Merci hei och un den Här Claude Piscitelli, deen eis ouni weideres verschidde Photo'e fir eis Homepage zur Verfügung stellt.*um Netz zanter Hierscht 2011

Besucherzähler
zanter: 16.07.2011

Erstellungsdatum: 16-Jul-2011 Läschten Update: 15-Oct-2011
© PVB Déifferdeng